nei hei

Joelle Oesch oeschj at vo.lu
Sat Sep 13 12:11:06 BST 2008


Salut
Swen, Un Dell hat ech och schons geduercht, mee dell lu huet net déis
selvegt Saachen bzw Praiser wéi Dell de. Ech kéint awer eng Adresse an
Daitschland uginn. 
Ech wäert demnächst an't Geschäfter goen.
merci

Am Freitag, den 29.08.2008, 23:23 +0200 schrieb Sven Clement:
> Salut alleguerten, Joelle, Paul,
> 
> ech hun di Erfaahrung gemaach datt u sech alles waat matt mengem Mac  
> fonctionnéiert vun Hardware hir och ennert Linux nach ni Mätzecher  
> gemaach huet. Lait vlait drun datt awer alles Unix-kompatibel ass =)
> 
> Waat den Desktop ubelaangt kéint ech just Dell empfehlen di Linux  
> préinstalléiert ubidden also secher kompatibel ass, do muss een sech  
> dann bei hinnen schlau maachen fir een distributor fir letzebuerg ze  
> fannen.
> Bei Dell gett et och Ubuntu preinstalléiert, also ass daat nach mi  
> interessant!
> 
> Mee zereck zu denger Hardwarefro, ech geif einfach en Geschäft an der  
> Staad aussichen wou se deen Disque fir deens de dech interesséiers hun  
> an 1. den Verkeefer froen wei et matt der kompatibilitéit ausgeséit an  
> donon 2. den Disque kaafen, matt heem huelen an wann et net geet  
> daerfs de en souwisou zereckdroen well den Verkeefer der falsch Ugaben  
> gemaach huet!
> 
> Bei mir huet daat bis elo emmer geklappt (suguer am Auchan ;) )
> 
> Hoffen daat helleft,
> Sven
> 
> On Aug 29, 2008, at 8:59 PM, Hetting Paul wrote:
> 
> > Salut Joelle, Salut alleguerten
> >
> > Ech haat well e puer Marken vun externen HD, ann och ennerschiddlech
> > Greissten vun Speicherkapaziteiten, matt USB war jidefalls bei mir
> > weiderhin keen Probleem! Jidefalls ween elo deen neien Ubuntu (8.04)
> > helt, gett den externen HD per USB  och well automatesch erkannt ann
> > d'Filesystem gemount (anngehaangen), ouni vill ze konfigureieren,
> > jidefalls vir als rengen User Gebrauch.
> >
> > Mee wei een Geschäft elo och do genau Bescheed wees, weieng HD an och
> > aaner PC - Material enner Linux funktionneiert, kann ech nik soen,  
> > hunn
> > ech perseinlich nach nik ausgetest! Och wann een herno sech een  
> > neien PC
> > keeft, ginn ett e puer Meigelechkeeten, vir sech do schlau ze maachen:
> >
> > - Entweeder setzt een sech een PC esou zusummen aus Eenzelstecker, wou
> > een dann sech am Virfeld Gedanken mecht, waat een drann well hunn, an
> > dann an der jeweiliger Distri dann nokuckt ob dei Baudeeler  
> > ennerstetzt
> > ginn.
> > - Oder du keefs der een "PC vun der Staang", an du frees dann den
> > Verkeefer ob deen PC och enner Linux leeft, ann ob ett villaischt
> > meigelech wier vir matt enger Live- Distributioun ouni Installatioun  
> > ze
> > probeieren (just Live - Distributioun, nik datt mer eis elo falsch
> > verstinn), dann mierks de jo ob d'Distributioun start oder nik, an
> > mierks ob d'Hardware ennnerstetzt gett. Oder an deem Fall gett och  
> > nach
> > eng aaner Meigelechkeet, vir direkt ob der Plaatz villaischt am  
> > Internet
> > ze surfen, an dei eenzel Baudeeler bei den Distris nozesichen!
> >
> > Matt frendlechen Greiss
> >
> > Paul
> >
> > Joelle Oesch schrieb:
> >> Gudden Owend.
> >>
> >> Ech sinn nach net sou laang dobai, an der Linux-Welt, sait Ouschteren
> >> hun ech den Ubuntu um privaten pc, an sinn eiher am daitschen Forum
> >> ennerwee, meechtens just ze liesen.
> >>
> >> Ech hun zwar gesinn datt desst Lescht grad grouss ass, bzzw net vill
> >> Lass ass, trotzdem hoffen ech datt ech eng Aenfert op ménger Fro  
> >> kréien.
> >>
> >> Ech hun eng Fro un iech, wou kaaft dier Aer PC'en pzw Accessoiren?  
> >> Ech
> >> brauch eng zweet externe Festplatte, natierlech linux fäheg, also  
> >> sollt
> >> ech se zereckbrénge kennen wann et net geet.
> >>
> >> Ech haat bei amazon desst 2 gesinn, théoretech sollten se goen, mee  
> >> well
> >> déi léiwer an engem PC Geschäft goen, wann méiglech an der Staat, dei
> >> vun Linux, ubuntu eng Ahnung hun. oder wou ech se zereckbrénge kann  
> >> wann
> >> et net domat geet.
> >>
> >> Western Digital My Book Essential Edition WDH1U5000E Festplatte  
> >> extern
> >> 500 GB HDD USB 2.0 EU-PLUG Preis: EUR 78,95
> >>
> >> Verbatim 500GB 3,5 Zoll Festplatte extern USB 7200RPM Preis: EUR  
> >> 75,95
> >>
> >> Iergendwann wäert ech mer och en deien Desktop Pc kaafen, well main
> >> Packard Bell Pentium 4 schon méi wéi 5 Joer op de Bockel huet. Ech
> >> hoffen awer datt en nach puer Järecher hällt. an och do dann direkt  
> >> wees
> >> wéien Geschäft Computer ouni Windows verkeeft. Den ze verkléngeren,  
> >> bzw
> >> Killen wäert och méigleg sinn. :-)
> >>
> >>
> >> Gréiss,
> >> Joëlle
> >>
> >>
> >
> >
> > -- 
> > Ubuntu-lu mailing list
> > Ubuntu-lu at lists.ubuntu.com
> > Modify settings or unsubscribe at: https://lists.ubuntu.com/mailman/listinfo/ubuntu-lu
> 
> 
-- 
Joelle Oesch <oeschj at vo.lu>




More information about the Ubuntu-lu mailing list