nei hei

Hetting Paul hettingpaul at gmail.com
Fri Aug 29 19:59:49 BST 2008


Salut Joelle, Salut alleguerten

Ech haat well e puer Marken vun externen HD, ann och ennerschiddlech 
Greissten vun Speicherkapaziteiten, matt USB war jidefalls bei mir 
weiderhin keen Probleem! Jidefalls ween elo deen neien Ubuntu (8.04) 
helt, gett den externen HD per USB  och well automatesch erkannt ann 
d'Filesystem gemount (anngehaangen), ouni vill ze konfigureieren, 
jidefalls vir als rengen User Gebrauch.

Mee wei een Geschäft elo och do genau Bescheed wees, weieng HD an och 
aaner PC - Material enner Linux funktionneiert, kann ech nik soen, hunn 
ech perseinlich nach nik ausgetest! Och wann een herno sech een neien PC 
keeft, ginn ett e puer Meigelechkeeten, vir sech do schlau ze maachen:

- Entweeder setzt een sech een PC esou zusummen aus Eenzelstecker, wou 
een dann sech am Virfeld Gedanken mecht, waat een drann well hunn, an 
dann an der jeweiliger Distri dann nokuckt ob dei Baudeeler ennerstetzt 
ginn.
- Oder du keefs der een "PC vun der Staang", an du frees dann den 
Verkeefer ob deen PC och enner Linux leeft, ann ob ett villaischt 
meigelech wier vir matt enger Live- Distributioun ouni Installatioun ze 
probeieren (just Live - Distributioun, nik datt mer eis elo falsch 
verstinn), dann mierks de jo ob d'Distributioun start oder nik, an 
mierks ob d'Hardware ennnerstetzt gett. Oder an deem Fall gett och nach 
eng aaner Meigelechkeet, vir direkt ob der Plaatz villaischt am Internet 
ze surfen, an dei eenzel Baudeeler bei den Distris nozesichen!

Matt frendlechen Greiss

Paul

Joelle Oesch schrieb:
> Gudden Owend.
>
> Ech sinn nach net sou laang dobai, an der Linux-Welt, sait Ouschteren
> hun ech den Ubuntu um privaten pc, an sinn eiher am daitschen Forum
> ennerwee, meechtens just ze liesen.
>
> Ech hun zwar gesinn datt desst Lescht grad grouss ass, bzzw net vill
> Lass ass, trotzdem hoffen ech datt ech eng Aenfert op ménger Fro kréien.
>
> Ech hun eng Fro un iech, wou kaaft dier Aer PC'en pzw Accessoiren? Ech
> brauch eng zweet externe Festplatte, natierlech linux fäheg, also sollt
> ech se zereckbrénge kennen wann et net geet. 
>
> Ech haat bei amazon desst 2 gesinn, théoretech sollten se goen, mee well
> déi léiwer an engem PC Geschäft goen, wann méiglech an der Staat, dei
> vun Linux, ubuntu eng Ahnung hun. oder wou ech se zereckbrénge kann wann
> et net domat geet.
>
> Western Digital My Book Essential Edition WDH1U5000E Festplatte extern
> 500 GB HDD USB 2.0 EU-PLUG Preis: EUR 78,95
>
> Verbatim 500GB 3,5 Zoll Festplatte extern USB 7200RPM Preis: EUR 75,95
>
> Iergendwann wäert ech mer och en deien Desktop Pc kaafen, well main
> Packard Bell Pentium 4 schon méi wéi 5 Joer op de Bockel huet. Ech
> hoffen awer datt en nach puer Järecher hällt. an och do dann direkt wees
> wéien Geschäft Computer ouni Windows verkeeft. Den ze verkléngeren, bzw
> Killen wäert och méigleg sinn. :-)
>
>
> Gréiss,
> Joëlle
>
>   




More information about the Ubuntu-lu mailing list