nei hei

Joelle Oesch oeschj at vo.lu
Fri Aug 29 18:58:27 BST 2008


Gudden Owend.

Ech sinn nach net sou laang dobai, an der Linux-Welt, sait Ouschteren
hun ech den Ubuntu um privaten pc, an sinn eiher am daitschen Forum
ennerwee, meechtens just ze liesen.

Ech hun zwar gesinn datt desst Lescht grad grouss ass, bzzw net vill
Lass ass, trotzdem hoffen ech datt ech eng Aenfert op ménger Fro kréien.

Ech hun eng Fro un iech, wou kaaft dier Aer PC'en pzw Accessoiren? Ech
brauch eng zweet externe Festplatte, natierlech linux fäheg, also sollt
ech se zereckbrénge kennen wann et net geet. 

Ech haat bei amazon desst 2 gesinn, théoretech sollten se goen, mee well
déi léiwer an engem PC Geschäft goen, wann méiglech an der Staat, dei
vun Linux, ubuntu eng Ahnung hun. oder wou ech se zereckbrénge kann wann
et net domat geet.

Western Digital My Book Essential Edition WDH1U5000E Festplatte extern
500 GB HDD USB 2.0 EU-PLUG Preis: EUR 78,95

Verbatim 500GB 3,5 Zoll Festplatte extern USB 7200RPM Preis: EUR 75,95

Iergendwann wäert ech mer och en deien Desktop Pc kaafen, well main
Packard Bell Pentium 4 schon méi wéi 5 Joer op de Bockel huet. Ech
hoffen awer datt en nach puer Järecher hällt. an och do dann direkt wees
wéien Geschäft Computer ouni Windows verkeeft. Den ze verkléngeren, bzw
Killen wäert och méigleg sinn. :-)


Gréiss,
Joëlle

-- 
Joëlle O.
Ubuntu 8.4. hardy heron




More information about the Ubuntu-lu mailing list